Europawalen 2024 – adr Webseite (2024)

FIR E
STAARKT LËTZEBUERG
AN EUROPA

Walprogramm

Komplett Versioun

Kuerzfaassung (It)

Kuerzfaassung (Es)

Kuerzfaassung (Pt)

Déi wichtegste Punkte fann Dir hei a weideren 23 Sproochen:

Hei klicken

EIS KANDIDATEN

Europawalen 2024 – adr Webseite (1)

Fernand Kartheiser

Gebuer den 30.9.1959
Gebuertsuert: Lëtzebuerg
Wunnt zu Féngeg (Kanton Capellen)

Funktiounen a Mandater
· Deputéierten
· Member vun der Lëtzebuerger parlamentarescher Delegatioun bei derOSZE, beim Europarot a bei der Baussen- a SécherheetspolitescherVersammlung vun der EU
· Member vum Gemengerot Käerjeng

Ech hunn zu Bréissel, Montpellier a Wien studéiert. Vu Beruf wor echbis 1989 Offizéier vun der Arméi an dono Diplomat. Bei verschiddeneLëtzebuerger EU-Presidencen hunn ech eng Rei Aarbechtsgruppe vumConseil (Ministerrot) geleet. Ech wor och „Représentant permanent adjoint“beim Conseil de l’Europe zu Stroossbuerg a bei der OSZE zu Wien. Donowor ech Lëtzebuerger Ambassadeur a Griicheland, Rumänien an op Zypern.An der Chamber sinn ech zënter 2009 Member vun de baussepoliteschen asécherheetspolitesche Kommissiounen. Ech vertrieden d’ADR an de Gremievun der ECR, der Partei vun den europäesche Konservativen a Reformisten.

Europawalen 2024 – adr Webseite (2)

Jeff Engelen

Gebuer de 24.7.1953
Gebuertsuert: Heerlen (NL)
Wunnt zu Tratten (Kanton Klierf)

Funktiounen a Mandater
· Deputéierten
· Vertrieder vun der Chamber am Benelux-Parlament
· Vertrieder vun der Chamber am Conseil Parlementaire

Ech koum am Alter vu 4 Joer an d’Land a sinn opgewuess zu Bärel an zuTéinten. No der Beruffsschoul hunn ech eng Léier als Automecaniciengemaach. Well meng Eltere vu Beruff Bauer waren, koum meng ganzFamill 1972 op Tratten, wou mir en Haff iwwerholl hunn. A menger Fräizäitengagéieren ech mech virun allem an de Beräicher Sport, Tourismus aKultur. Als Auteur oder Coauteur hunn ech Bicher iwwer d’Lokalgeschichtvun Éisleker Dierfer erausbruecht. Zanter 1990 sinn ech Member vumGemengerot Wëntger.

Europawalen 2024 – adr Webseite (3)

Sylvie Mischel

Gebuer de 14. Mäerz 1966
Gebuertsuert: Iechternach
Wunnt zu Féngeg (Kanton Capellen)

Funktiounen a Mandater
· Presidentin ADR Fraen
· Member vum Exekutivkommitee vun der ADR

Ech hunn zu Bréissel, Metz, Lëtzebuerg an New York studéiert. Alsindustriellen Elektronikingenieur hunn ech zu Bréissel geschafft an dono zuLëtzebuerg op enger däitscher Privatbank. Meng weider berufflech Karriäram Bankewiesen huet et mir erlaabt, no engem zousätzleche Master an derEkonomie, an engem wichtegen ekonomesche Beräich vun der europäescherIntegratioun ze schaffen. Zanter elo bal zéng Joer ass mir als Presidentin vunden ADR Fraen dru geleeën, zesumme mat mengem engagéierte Kommitee,wichteg politesch Themen unzepaken, ewéi z.B. an der Familljepolitik, derGesondheetspolitik, der Sécherheet, der Sozialpolitik an der Bioethik.

Europawalen 2024 – adr Webseite (4)

Alex Penning

Gebuer den 30. Januar 1975
Gebuertsuert: Lëtzebuerg-Stad
Wunnt an der Stad Lëtzebuerg am Quartier Belair, ass awer opgewuess(Spill- a Primärschoul) zu Stroossen

Funktiounen a Mandater
· Member vum Staatsrot
· Affekot um Stater Barreau zanter dem 11.07.2002,
dat heescht säit bal 22 Joer
· Generalsekretär vun der ADR zanter Mäerz 2015an zanter 1997 aktiv an der ADR
· Grënnungsmember vun der ADR Jugend (haut ADRenalin),mat enger éischter Kandidatur fir d’Legislativwalen 1999.

Bestuet a Papp vun zwee Kanner vu 7 resp. 1 Joer. Master am Droit privé(Mentioun: Professions judiciaires), Université Paul Verlaine zu Metz 2001.Eegen Etude um Belair. Mäin Hobby ass Kachen, a virun allem verbréngenech déi wéineg Fräizäit, déi mir nach bleift, am léifste mat menger Famill.Ech war doriwwer eraus an der Année judiciaire 2013/2014 Presidentvun der „Conférence du Jeune Barreau de Luxembourg“, vill Jore Riichterop der Cour d’appel vun der FLF a 14 Joer laang Kommiteesmember vumFC UNA Stroossen. Schlussendlech sinn ech zanter 2017 Member an derKommissioun “contentieux, règlement et sécurité” vun der VDL. A punktoEuropa läit mir am meeschten um Häerz, dass mer nees zu de Grondiddievum Traité vu Roum vun 1957 kommen, an zwar e gëeent Europa sinn, awerwou all Land seng Identitéit a Souveränitéit behält, dat heescht wou nachëmmer de Subsidiaritéitsprinzip soll spillen an e Konsens muss bestoebleiwe fir eng gemeinsam Baussepolitik.

Europawalen 2024 – adr Webseite (5)

Alexandra Schoos

Gebuer den 13.5.1988
Gebuertsuert: Lëtzebuerg
Wunnt zu Bäerdref (Kanton Iechternach)

Funktiounen a Mandater
· Deputéiert
· Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Assembléeparlementaire de la Francophonie
· Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Assembléeparlementaire de l’Union pour la Méditerranée
· Member vun de Chamberkommissioune fir Landwirtschaft, Gesondheet,Logement, Kultur a Fonction publique

Ech hunn zu Wien, Bern a Gent studéiert. Am Kader vu menger veterinärmedezinescher Spezialisatioun op europäeschem Niveau hunnech mech mat Direktiven a Reglementer haaptsächlech am Beräich vumDéiereschutz, der Déieregesondheet an der Santé publique befaasst an auserneegesat. A menger Zäit am veterinärmedezinesche Staatslabo war echVertrieder vu Lëtzebuerg a verschiddenen Aarbechtsgruppe bei der EFSA, bei der DG Santé wéi och a verschiddenen europäesche Referenzlaboen.

Europawalen 2024 – adr Webseite (6)

Nicky Stoffel

Gebuer: 7.12.1974
Gebuertsuert: Lëtzebuerg
Wunnt um Houwald (Kanton Lëtzebuerg)

Funktiounen a Mandater
· Member vum Staatsrot
· Member vun den ADR Fraen
· Member vum Exekutivkommitee vun der ADR

Ech hunn zu Stroossbuerg op der Université Robert Schuman Droit studéiert.Als Member vum Staatsrot hunn ech oft d’Geleeënheet, fir europäeschTexter ze analyséieren an ze iwwerleeën, wéi si a Lëtzebuerger Recht kënnenëmgesat ginn.

Walresultater

Europawalen 2024 – adr Webseite (7)

Europawalen 2024 – adr Webseite (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Ouida Strosin DO

Last Updated:

Views: 6411

Rating: 4.6 / 5 (56 voted)

Reviews: 95% of readers found this page helpful

Author information

Name: Ouida Strosin DO

Birthday: 1995-04-27

Address: Suite 927 930 Kilback Radial, Candidaville, TN 87795

Phone: +8561498978366

Job: Legacy Manufacturing Specialist

Hobby: Singing, Mountain biking, Water sports, Water sports, Taxidermy, Polo, Pet

Introduction: My name is Ouida Strosin DO, I am a precious, combative, spotless, modern, spotless, beautiful, precious person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.